Aktuelles
05/06/2023
EASY HEALTH Campagne 2023
Liewensfreed dank EASY HEALTH
Hutt Dir schonn eng Krankeversécherung ofgeschloss? Mat EASY HEALTH këmmert Dir Iech ëm déi Leit, déi Dir gär hutt a vertraut op DKV Luxembourg fir hir Gesondheet ze schützen.
Am Juni gouf d’EASY HEALTH Campagne an de féierende a bekannte Medien, souwuel offline wéi och online, lancéiert.
DKV Luxembourg huet bei dëser Geleeënheet entscheed, en neit Design fir d’Produitscampagne ze entwéckelen.
DKV Luxembourg wëll hir Positioun als zouverlässegen a qualitativ héichwäertege Prestataire vu private Krankeversécherungen zu Lëtzebuerg behalen.
Dës nei Campagne erlaabt et ausserdeem och de Lien zu LALUX ze stäerken. Tatsächlech ënnersträichen eng Rëtsch grafesch Elementer an och d’Logo de Fait, datt DKV Luxembourg zum Grupp LALUX gehéiert.