Assurancë fir Privatclienten
easyPROTECT
Mat easyPROTECT, engem eenzegaartege Konzept, mat deem Dir eng kloer a präzis Iwwersiicht iwwer de ganze Versécherungsschutz vun Ärer Famill (Auto, Wunnen, Haftflicht, Rechtsschutz, Accidenter a Reesen) kritt, kënnt Dir Är wichtegst Assurancen zesummeleeën.
Virdeeler
-
Reduktioun op Ärer Joresprimm
Mat easyPROTECT profitéiert Dir och vun enger Reduktioun vu 50 € pro Wunneng/Haus a vu bis zu 100 € pro Auto mat KASKO-Versécherung.
-
Bezuele pro Mount, kee Problem!
Mat enger Domiciliatioun kënnt Dir Är easyPROTECT-Primmen och Mount fir Mount bezuelen.
easyPROTECT, dat bedeit een eenzege Kontrakt, eng eenzeg Primm pro Mount, eng eenzeg Echeance fir all d’Assurancë vun Ärem deegleche Liewen. -
E flexibele Kontrakt
easyPROTECT, dat ass e flexibele Kontrakt, dee sech ganz einfach un Är nei Besoinen upasse léisst: eng zweet Wunneng, den Auto vun engem Kand derbäisetzen, Versécherung vun enger Studentewunneng …
-
Optional Servicer op d’Mooss
Et ass ganz einfach, zousätzlech Servicer wéi Home Assistance, e 24/7-Pannendéngscht, d’Assistance Annuelle fir de Fall vun engem Accident oder vu Krankheet op enger Rees oder och nach den integrale Rechtsschutz, deen Iech bei der Verdeedegung vun Ären Interessen ënnerstëtzt, derbäizesetzen.