Versécherungsléisungen fir Professionell Clienten
lalux-Staff Protect – Entreprisen
lalux-Staff Protect ass eng Zousazpensiounsversécherung, déi Dir finanzéiert, fir Äre Mataarbechter bei der Pensioun, am Stierffall, mä och am Fall vun Invaliditéit eng zousätzlech Sécherheet ze bidden.
Dëse flexibelen, steierlech interessante Produit ass haut e wichtege Bestanddeel vun engem moderne Salaires-Package. Fir Ären Ufuerderungen optimal gerecht ze ginn, gouf lalux-Staff Protect mat ënnerschiddleche Gamme vu kompletten a steierlech attraktive Versécherungen erweidert.
Virdeeler
-
En attraktive steierleche Kader
D’Primm vun Ärer lalux-Staff Protect-Léisung gëtt als Betribsausgab ugesinn a kann domat vun de Steieren ofgesat ginn (maximum 20 % vum Akommes, dat als Grondlag fir d’Berechnung vun de Pensioune benotzt gëtt). Är Mataarbechter musse fir dës Primm keng Sozialversécherungsbäiträg bezuelen. Dir ergänzt deemno Äre Salaires-Package mat enger Alternativ, déi méi gënschteg ass ewéi eng Gehaltserhéijung!
-
Är Mataarbechter hunn de fräie Choix vun den Investissementsproduiten
Op der Basis vum Plang vun Ärer Entreprise bestëmmen Är Mataarbechter selwer den Undeel, dee si an déi ugebueden Investissementsméiglechkeeten investéiere wëllen: Produite mat garantéiertem Rendement (kee Verloschtrisiko fir de Salarié) oder unit-linked Produiten (déi un Investmentfonge gebonne sinn). Dir erméiglecht Äre Mataarbechter all Joer, d’Héicht vun hiren Investissementer passend zu hirer perséinlecher Situatioun nei ze definéieren.
-
Fir all oder en Deel vun Äre Mataarbechter
lalux Staff-Protect ass eng flexibel Formel, déi Iech erlaabt, d’Zousazpensiounsversécherung op bestëmmte Kategorië vu Mataarbechter ze limitéieren, a se och bannent dëse Kategorien ënnerschiddlech ze moduléieren.
-
Zesummestellung op der Basis vun Äre Besoinen
De Versécherungsschutz, dee bei Är Situatioun passt, gëtt opgrond vun Ärem verfügbare Budget, den übleche Praktike vun den Entreprisen aus deem selwechte Secteur an de gesetzleche Leeschtungen ausgewielt.
-
Several types of cover to choose from
Several configurations are possible: lump sum or pension in case of retirement, lump sum or pension (spouse or orphan) in case of premature death, pension in case of invalidity or lump sum death/additional invalidity in case of accident.
-
A performing digital management tool
Take advantage of a performing tool that allows you to consult the status of your current savings, download tax certificates and manage your investment support, all with a revised interface and an optimized user experience.