Versécherungsléisungen fir Professionell Clienten
lalux-Safe Future
Dir schafft op Ären eegene Kont? An deem Fall kënnt Dir dagdeeglech enger ganzer Rei vu Risiken ausgesat sinn.
Mat lalux-Safe Future kënne mir Iech eng Versécherungsléisung op d’Mooss ubidden, mat där Dir Är Zukunft ofsécheren a gläichzäiteg vun deenen neie steierleche Virdeeler profitéiere kënnt, déi duerch d’Ausdeenung vum Geltungsberäich vum Gesetz iwwer d’Pensiounszousazversécherungen op Fräiberuffler an Independantë méiglech sinn.
Virdeeler
-
Fräie Choix vun de Bäiträg
Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, kënnt Dir Är Pensiounsbäiträg all Joer ouni Penalitéiten un Är Situatioun an un Är Moyenen upassen.
-
Fräie Choix vun den Investissementssupporten
Wielt selwer d’Supporten aus, an déi Dir Är Suen investéiere wëllt. Dir hutt de Choix tëschent engem garantéierte Rendement an Investmentfongen.
-
Formelen op d’Mooss
Bestëmmt selwer de Betrag vun Ärem Pensiounskapital a wielt d’Risikogarantien, déi Dir verséchere wëllt (Stierffall, Invaliditéit an/oder Accident) genee ewéi d’Optiounen, déi Dir derbäisetze wëllt, aus.
-
Einfach a séier Souscriptioun
D’Souscriptioun ass 100 % online, vum éischte Kontakt iwwer de Choix vun de Garantien bis zu der Assurancëpropos.
-
Virdeelhaft Besteierung
Dir kënnt bis zu 20 % vun Ärem berufflechen Akommes ofsetzen: Steier vun 20,9 % op déi bezuelte Primm. Op d’Leeschtungen, déi ausbezuelt ginn, gëtt zu Lëtzebuerg dogéint keng Akommessteier erhuewen.